"Schwaarze Schnéi"Lëtzebuerger Documentaire iwwer d'Konzentratiounslager

RTL Lëtzebuerg
D'Frënn vum Resistenzmusée invitéieren de 17. Abrëll op d'Projektioun vun enger digitaliséierter Versioun vum Film "Schwaarze Schnéi" am Ariston zu Esch.

De Film gëtt begleet mat Explikatioune vum Historiker Yves Steichen vum CNA.

Den Documentaire “Schwaarze Schnéi” ass 1985 am Kader vum 40. Anniversaire vum Enn vum Zweete Weltkrich entstanen. Fir de Film hu sech 26 Lëtzebuerger Iwwerliewenden am Camp Natzweiler-Struthof versammelt, fir iwwert hir Erliefnisser an de Lageren ze erzielen. Dorënner och de Kulturminister Robert Krieps.

De Film “Schwaarze Schnéi” ass deemno och op Initiativ vum Robert Krieps gedréint ginn an ass deen éischte lëtzebuergeschen Documentaire iwwer d’Konzentratiounslager. De Film huet authentesch Zeienaussoe gesammelt, di ënnert d’Haut ginn.

“Schwaarze Schnéi” :

Joer : 1985

Dauer : 45 Minutten

Sprooch : Lëtzebuergesch

Réalisatioun: AFO-Film, Paul Scheuer, Maisy Hausemer, Georges Fautsch

De 17. Abrëll gëtt de Film um 19 Auer am Ariston zu Esch gewisen.

Back to Top
CIM LOGO