Klenge Maarnicher FestivalLëtzebuerger Komponist Georges Sadler huet extra en neit Stéck geschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Am Cube521 zu Maarnich konnt ee kierzlech e Concert besiche mat deem bekannten Blechbléiserensembel MAGNIFICA.
Première op dem Klenge Maarnicher Festival
De Lëtzebuerger Komponist Georges Sadler huet extra en neit Stéck geschriwwen, wat do eng éischte Kéier gespillt gouf.

Dat war am Kader vum klenge Maarnecher Festival. Fir deen Ensembel huet de Lëtzebuerger Komponist Georges Sadler ee Stéck geschriwwen, wat zu Maarnech fir d’éischt opgeféiert gouf.

De Bléiser-Quintett MAGNIFICA hat sech mam Solist Oystein Baadsvik zesummegedoen. De Braadsvik ass ee vun de weltbeschten Euphonium-Spiller. De Programm vum Ensembel geet vu klassescher Barockmusek, bis hin zu méi moderne Stécker an och Kompositiounen, déi den Baadsvik an Zeen setzen. Oft vun him selwer geschriwwen, well hien am beschte weess, wouranner hie glänze kann.

De Lëtzebuerger Museker Georges Sadler hat vum Maarnecher Festival den Optrag kritt, fir e Stéck ze schreiwen, wat vum Ensembel kënnt opgefouert ginn.

Erauskoum e witzegt Stéck, wat dann och nach 4Jokes heescht. Wann ee selwer en Instrument spillt, kann ee sech natierlech an di virtuos Momenter gutt erandenken beim Nouteschreiwen.

Back to Top
CIM LOGO