RockhalLëtzebuerger Rapper Maz als "Virband" vum Nicki Minaj

RTL Lëtzebuerg
Déi US-Amerikanesch Kënschtlerin ass fir den 20. Mäerz an der Rockhal geplangt an als "Support Act" huet si e Rapper aus Lëtzebuerg organiséiert.

Am Mäerz 2018 hat den Hip Hop-Newcomer säin Debutalbum Immortalisation verëffentlecht an huet sech zanter hier esou lues en Numm an der Zeen zu Lëtzebuerg gemaach. Gesongen a gerappt gëtt beim jonk Kënschtler awer haaptsächlech op Englesch.

Dir wëllt méi iwwert de Maz wëssen? D'Kollege vun RTL Today haten de jonke Rapper am Interview.

Back to Top
CIM LOGO