“De Film ass eng franséisch Chrëschtdagskomedie“, erkläert d’Actrice. “Et geet ëm d’Zoë, si ass aacht Joer al a krut vum Père Noël – also vum franséische Weihnachtsmann – de falsche Kaddo. A si mécht sech op de Wee, fir en ze sichen an auszetauschen.”
Dëse Kaddo ass nämlech wichteg: “Si brauch onbedéngt dee richtege Kaddo, fir sech géint e Komerod aus hirer Klass ze wieren, dee guer net léif mat hir ass. Si wëll eng Zort Revanche huelen… mee ech verroden net, ëm wat fir e Kaddo et geet.”
Am Film spillt si d’Yenne, d’Mamm vum Zoë. “Ech sinn elengerzéiend, ech rocken den Alldag, ech schaffe vill a probéieren, menger Duechter esou gutt wéi méiglech Sécherheet ze ginn, mee och Fräiheet.”
Fir d’Eugenie Anselin ass et e richtege Feel-Good-Film. Als Kand hätt si selwer gäre Chrëschtdagsfilmer gekuckt, elo selwer an engem ze spillen, wier immens.
“De Film ass witzeg, mee et geet och ëm Harcèlement an der Schoul an op der Aarbecht. Et geet ëm Mutt, Courage, sech trauen, seng Meenung ze soen a sech ze wieren. Ech mengen, de Film huet hautdesdaags e ganz wichtege Message a kann de Leit wierklech Mutt maachen.“
À la poursuite du Père Noël ! leeft vum 4.12.2025 un an de Lëtzebuerger Kinoen.