Film vun der Woch"L'évènement" vum Audrey Diwan

Joy Hoffmann
De Gëllene Léiw krut déi jonk onbekannte franséisch Realisatrice Audrey Diwan mat hirem Film "L'évènement", nom autobiographesche Roman vum Annie Ernaux.
Film vun der Woch: "L'évènement"
De Gëllene Léiw krut déi jonk onbekannte franséisch Realisatrice, Audrey Diwan mat hirem Film “L’évènement”, nom autobiographesche Roman vum Annie Ernaux.

Dobäi waren um leschte Festival vu Venedeg d’Filmer vum Jane Campion, Pedro Almodovar an Paolo Sorrentino, déi all bei eis an de leschte Méint am Kino gelaf sinn, déi grouss Favoritten.

D’Anne, kënnt aus engem Aarbechtermilieu an ass eng brillant Literatur-Studentin op der Uni. D’Nouvelle, dass se schwanger ass, bedeit am Ufank vun de 60er Joren, als jonk Mamm, d’Enn vum Dram vun enger berufflecher Karriär. An op engem Avortement, als Alternativ, stoung deemools eng Prisongsstrof fir all, déi implizéiert waren. Fir d’Anne war et allerdéngs direkt kloer, dass et keng aner Optioun géif ginn. Mee op der Sich no Hëllef ginn no a no all Dieren zou. Déi eng, wéi de Proff oder d’Mamm, verstinn net richteg wat lass ass, an déi aner entzéien sech hirer Responsabilitéit wéi hire Frënn, d’Dokteren, oder och d’Klassekomeroden, déi hat als Flittchen ugesinn.

De Film werft dann och keng moralesch oder ethesch Froen zum Avortement op. E weist an der Haaptsaach, wéi d’Anne resistéiert a kämpft fir d’Kontroll iwwert hire Kierper an awer och hir Sexualitéit ze kréien, en anert Tabu-Thema zu där Zäit. D’Kamera ass dann och ëmmer ganz no op d’Anne braquéiert, fir seng Determinatioun ze betounen, (e bësse wéi d’Gebridder Dardenne dat mat hirem Film “Rosetta” gemaach haten) . An och d’Wiel vum tradéierten, méi schmuele 4/3 Kinoformat ënnersträicht, wéi d’Anne ageengt ass, a wéi et eleng op sech selwer ugewisen ass.

“L’évènement” vum Audrey Diwan ass e staarken, mënschleche psychologesche Thriller, deen d’Realitéit vun den heemlechen Avortementer am deemolege prüde gesellschaftleche Kontext - net nëmmen a Frankräich - oppe weist, ouni bëlleg dramatesch oder emotional Effekter.

Back to Top
CIM LOGO