
Dräi Concerte suerge vum 17. bis den 19. Juli fir Ënnerhalung zu Mäertert am Park:
Fir d’Sécherheet vum Public ze garantéieren, ginn d’Concerten am Sëtzen ofgehalen a jidderee muss een Dësch reservéieren. Wann ee setzt, kann een de Mask och ausdoen. D’Dëscher sinn um 18 Auer disponibel an d’Concerte ginn um 20 Auer un. Fir Iessen a Gedrénks si lokal Cafetieren a Restauranten zoustänneg. Reservéiere kann een op www.ticket-regional.lu.