bluem"Live in color" ass den Numm vun der 2. Kollektioun

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass offiziell déi zweet Kollektioun vun der Lëtzebuerger Kleedermark "bluem" erauskomm.
© Ben Kraus

E Samschdeg den Owend kruten op engem sougenannte Pop-Up-Event schonns e puer ausgewielte Leit déi nei Kollektioun ze gesinn. Fir eis war de Yannick Zuidberg op dësem Event mat dobäi an huet sech een Androck gemaach vun der neier Kollektioun.

2. Kollektioun vu "bluem"/Reportage Yannick Zuidberg

Nodeems déi éischt Kollektioun "Grow forever" richteg gutt beim Public ukomm ass, ass elo e Sonndeg eng Zweet erauskomm.

"Live in color", dat ass den Numm vun der neier Kollektioun vum Amii Watson, Adriel von Grüningen a Jimmy Braun. Beim Pop-Up-Event e Samschdeg den Owend waren dann och direkt vill Leit dobäi. De Jimmy Braun betount, dass si frou sinn, dass vill Leit de Wee an d'Stad op hiren Event fonnt haten, fir si ze ënnerstëtzen. Et hätt ee vill fir déi zweet Kollektioun geschafft an net onbedéngt domat gerechent, dass esou vill Leit kommen.

Wat d’Gezei selwer ugeet, ass "bluem" bei der Basis hirer Linn trei bliwwen. Dat heescht éischter ee schlichten Design, wéi dat och bei der éischter Kollektioun de Fall war. Wat allerdéngs geännert huet, dat ass, dass een déi Kéier Faarwe mat an d’Spill bruecht huet. Hannert dem Numm "Live in color" verstoppt sech dann och ee ganz spezielle Message, wéi eis den Adriel von Grüningen verréit. Et géing drëms goen, senger Passioun nozegoen an deementspriechend soll een och e bësse Faarf a säi Liewen eraloossen. Et soll een net waarden, mä elo eppes maachen.

© Ben Kraus

E Samschdeg den Owend si schonns eng ganz Partie Kleedungsstécker verkaaft ginn. Am viraus war och ugekënnegt ginn, dass et sech bei "Live in color" ëm eng héich limitéiert Kollektioun géing handelen. Et muss een also séier maachen, wann een net wëll eidel ausgoen. De Jimmy Braun betount, dass wuel nach Stécker do wieren, mä et géing enk ginn.

Deemno kann een och elo schonns vun engem Erfolleg vun der 2. Kollektioun schwätzen an et kann ee gespaant sinn, wéi et an Zukunft weidergeet mat der Kleedermark. Den Adriel von Grüningen huet do dann och schonns ee klengen Indice ginn, a wéi eng Richtung et goe kéint. Et hätt een nämlech schonns nei Iddie fir eng nei Kollektioun an déi kéint méi geckeg ginn, ma dat stéing nach alles an de Stären. Un Iddie feelt et deenen 3 awer op alle Fall net.

Weider Informatioune fannt Dir natierlech och op hirem Site, wou een d'Kleeder kafe kann, op hirer Facebook-Säit an op hirer Instagram-Säit.

Back to Top
CIM LOGO