Um Kierchbierg gëtt de Weekend eng ongenotzte Plaz nei belieft an dat mat engem zäitgenësseschen Zirkus Spektakel. Déi nei MASKéNADA-Produktioun gräift d'Thema vun der Einsamkeet an eiser Gesellschaft op. E Spektakel an deem d'Grenzen tëschent Schauspill, Akrobatik, Zirkus a Musek matenee verschmëlzen.
Eng verloosse Plaz um Kierchbierg déngt als Bün fir de Spektakel mam Titel "Lonely people will be sold to the circus". Erzielt gëtt d'Geschicht vun engem Direkter an enger Direktesch, där hir prächteg Zirkuszäit längst der Vergaangenheet ugehéiert. De gewinnte Glanz a Glitzer vu fréier kréie si net méi opgelieft. De roude Fuedem vum Spektakel ass d'Thema Einsamkeet an de Mangel u Gemeinschaft.
“Ech sinn immens vill an de Schoulen ënnerwee a mech huet dat Thema vun der Einsamkeet immens gecatched, well ech dat Gefill hunn, datt mir eis ëmmer méi isoléieren, obwuel mir den Ament an enger Zäit liewen, wou mir net méi vernetzt kéinte sinn. Mir hunn ëmmer den Handy bei eis a sinn ëmmer erreechbar. Ech hunn och dat Gefill, datt grad bei de Jonken d’Isolatioun sech breet mécht," heescht et vum Laetitia Lang, der Créatrice vum Spektakel
Vun Ufank u war et d'Iddi, fir de Spektakel eng Plaz um Kierchbierg ze fannen. Dee Quartier, deen zäitweis immens belieft ass, ma awer och rëm séier zu enger verloossener Plaz gëtt.
"Mir sinn de ganzen Dag hei an et sinn net vill Leit, déi hei laanscht ginn a wann, da sinn et vill Geschäftsleit, déi hei parken an da weider ginn. D’Plaz u sech huet och bëssen déi Einsamkeet, déi mir natierlech elo probéieren ze brieche mam Spektakel", sou d'Laetitia Lang.
Déi nei MASKéNADA-Produktioun invitéiert de Publikum iwwer d'Thema Gemeinschaft nozedenken an dat mat Hëllef vun Zirkus, Musek, Performance an Akrobatik. D'Laetitia Lang: "Ech denken de Message dee mir wéilten eriwwerbréngen, ass, dass et wichteg ass, erëm méi zesummenzewuessen als Gesellschaft an trotz all deenen Ënnerscheeder déi mir hunn an den ënnerschiddleche Geschichten déi jidderee mat sech dréit, e Versteesdemech opzebréngen. Fir eben als Gesellschaft erëm méi zesummenzekommen."
De 14., 15., a 16. August kann een de Spektakel "Lonely people will be sold to the circus" um Kierchbierg gesinn an dat op der verloossener Plaz an der Edward Steichen Strooss bei der Nummer 21.