Remix FestivalLucilin a Francesco Tristano ginn Avant-Goût op Esch2022-Projet

RTL Lëtzebuerg
An e puer Méint ass et sou wäit. Da steet zu Esch, an de Südgemengen an iwwert d'Grenz eraus, bannent engem Joer alles am Zeeche vun der Kultur.
Museksensembel Lucilin gëtt Avant-Goût op Esch2022
D’lescht Woch huet de Museks-Ensembel Lucilin e klengen Avant-Goût op hiren ambitiéise Projet 33,7 ginn.

Ma och elo scho kritt een am Kader vum Remix Festival e klengen Abléck op eng ganz Rëtsch Projeten, déi dat nächst Joer wäerte lafen. D’lescht Woch huet de Museks-Ensembel Lucilin e klengen Avant-Goût op hiren ambitiéise Projet 33,7 ginn. Am Kader vum Remix Festival huet de Projet 33,7 vum Museks-Ensembel Lucilin dann och just 33,7 Minutte gedauert. Genee an engem Joer sollen aus där hallwer Stonn allerdéngs 33,7 Stonne ginn.

D’Kompositiounen, déi hei gespillt sinn, sollen d’Diversitéit an d’Mixitéit vum Süde vum Land erëmspigelen, mat ganz ënnerschiddleche Partitiounen aus der ganzer Welt.

Fir dëse Projet hunn Lucilin de bekannte Lëtzebuergesche Pianist Francesco Tristano Schlimé mat u Bord geholl. Fir de Museker ass et déi éischte Kollaboratioun mam Ensembel.

Fir de Francesco Tristano ass et dann och een zeréck bei seng Originnen. Hien ass e Minettsdapp, well e bei senger Groussmamm zu Rodange opgewuess ass.

De ganze Programm vun Esch2022 ass dann d’lescht Woch virgestallt ginn, do kritt een dann e konkreten Abléck op all déi ganz divers Projeten, déi dat anert Joer dann ustinn.

Back to Top
CIM LOGO