Lëtzebuerger KonschtfoireLuxembourg Art Week - Dës Editioun de Weekend an engem groussen Zelt um Glacis

Patricia Baum
D’Art Cologne, Art Basel, d’Fiac zu Paräis, dat sinn just e puer bekannte Konschtfoiren am Ausland.
Luxembourg Art Week
D’Art Cologne, Art Basel, d’Fiac zu Paräis, dat sinn just e puer bekannte Konschtfoiren am Ausland.

Zënter 2015 huet Lëtzebuerg seng eege Konschtfoire mat der Luxembourg Art Week. 2019 hat d’Foire méi wie 15.000 Visiteuren iwwert e puer Deeg. Ma et ass nach eng ganz jonk Konschtfoire, déi hiren internationale Ruff nach weider opbaue muss. Déi lescht Jore war d’Luxembourg Art Week an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg, ma dëst Joer ass se dann an e grousst Zelt um Glacis geplënnert.

Luxembourg Art Week
Ouverture um Glacis

5.000 Quadratmeter stinn de Galeristen dëst Joer um Glacis fir d’Luxembourg Art Week zur Verfügung. Well d’Victor Hugo Hal nach ëmmer als Impfzentrum funktionéiert, huet den Organisateur a Galerist Alex Reding sech missen eppes Neies afalen loossen. Mat bal 50 Prozent méi Ausstellungsfläch wéi 2019, kréien dann och méi Galerien eng Plaz. De neien Standpunkt um Glacis ass awer net just wéinst der Fläch e Gewënn.

“De Glacis ass natierlech immens gutt situéiert mam neien Tram a vis-à-vis vum Groussen Theater. All Mënsch kritt et mat an et ass u sech schonn eleng duerch de Site selwer eng zousätzlech Kommunikatioun an Presenz an der Stad di wichteg ass.”

Alex Reding – Organisateur vun der Luxembourg Art Week

Duerch déi physesch Presenz mam neien Zelt an déi gutt geografesch Lag erhofft ee sech nach méi Leit ze erreechen. Zousätzlech ginn da grouss Skulpturen, déi vu Galerien ausgeléint ginn, am ëffentleche Raum ausgestallt, fir d’Konscht och schonn ausserhalb vum Zelt visibel ze maachen.

Konschtfoiren am allgemenge bidden de Galeristen d’Méiglechkeet, vill méi Visibilitéit fir hir Kënschtler iwwert e kuerzen Zäitraum ze kréien an domat och méi diversifizéierte Publikum beieneen unzezéien. Wat sech beim Verkaf ka bemierkbar maachen. Eng jonk Konschtfoire wéi d’Luxembourg Art Week muss sech iwwert d’Joren um Marché entwéckelen. Dëst Joer gëtt et en neien Rekord mat 80 Galerien, déi un der Luxembourg Art Week deelhuelen.

“Et wier gutt, wa mir eis elo mat deenen 80 Exposanten kënne stabiliséieren an och nach un der Qualitéit kënne schaffen an de nächste Joren. Et sinn nach e puer Segmenter, déi eis Foire nach net esou gutt ofdecken. Do wou ee sech nach ka verbesseren, dat ass bei der ganz aktueller a jonker Konscht an och an der ieweschter Kategorie vun de Galerien, di di grouss Nimm hunn.”

Duerch d’Pandemie war 2020 just eng virtuell Konschtfoire méiglech, wou ee sech duerch déi verschidde Galerien duerchklicke konnt. Eng Erfarung, déi awer fir den Alex Reding duerchaus positiv war.

“Et war e Succès. 30.000 Visiteuren aus 90 Länner an et ass och e bësse verkaf ginn. Net ganz vill natierlech, well d’Leit léiwer e Konschtwierk a Realitéit gesinn, fir sech ze decidéieren. Fir eis war di Erfarung esou positiv, dass mir dëst Joer aus Kommunikatiouns-Zwecker di ganz 3D Visitte bäibehalen hunn.”

An den Honger op d’Konscht ass grouss. Weltwäit sinn elo vill Foiren nogeholl ginn. De Stau bei de Konschtfoiren léisst sech also sou lues op.

“De Publikum huet natierlech och eng Erwaardung an elo war d’Relance am September enorm séier. Art Paris, Art Basel, d’Fiac, alles ass elo esou schnell hannerteneen komm, well verschidden Evenementer vum Fréijoer an den Hierscht verluecht gi sinn. Et war also eng immens Densitéit un Evenementer, mee et war och en immense Succès. D’Leit hunn drop gewaart a si sinn zréckkomm.”

Déi nei Plaz um Glacis bréngt nei logistesch a finanziell Defien mat sech. Se bitt awer virun allem eng grouss Visibilitéit fir d’Luxembourg Art Week. Vum 12. bis de 14. November kann een d’Konscht op de Glacis entdecke a kafen goen - an dat souguer mat engem mi klengen Portmonnie.

Back to Top
CIM LOGO