Edward Steichen Award 2019Mary-Audrey Ramirez an Nora Wagner ginn op New York

RTL Lëtzebuerg
E Freidegowend gouf de Prix Edward Steichen iwwerreecht. D’Gewënnerin vum Award ass d'Mary-Audrey Ramirez. D'Residenz zu New York ass fir d'Nora Wagner.

Déi Lëtzebuergesch Kënschtlerin Mary-Audrey Ramirez ass d’Laureatin vum 8. “Edward Steichen Award”.

Déi Lëtzebuerger Artistin Nora Wagner gëtt mam “Edward Steichen Luxembourg Resident in New York Award” geéiert.

Deenen zwou Gewënnerinne wénkt elo eng Kënschtlerresidenz vu 6, respektiv 4 Méint, an där Stad, wou den Edward Steichen iwwer Jore geschafft a gelieft huet: New York.

PDF: Portfolio vum Mary-Audrey Ramirez

Back to Top
CIM LOGO