
Wie sech decidéiert, fir virum Concert Blutt ze spenden, kritt dofir e Metallica-T-Shirt. Extra fir dëst Evenement gouf en T-Shirt a limitéierter Oplag designt, wou de Logo vu Metallica, vun der Aktioun an dem American Red Cross mat drop ass.
“Mat enger Bluttspend kënnt dir eppes Guddes maachen”, heescht et am Schreiwes vun der Band an der Associatioun zesummen. Vun nächster Woch un ass Metallica an den USA, Kanada, Australien, Neiséiland a Groussbritannien op Tour.