Nei Tarifaccorde fir d’Arts de la scèneMindest-Honorairen elo automatesch indexéiert

Claudia Kollwelter
D'Joer 2026 huet mat enger positiver Neierung fir de Secteur vun de performativer Konscht zu Lëtzebuerg ugefaangen.
© THEATER FEDERATIOUN

D’Theater-Federatioun an d’ASPRO (d’Association des Professionnel·le·s du Spectacle Viviant) hunn den 18. Dezember 2025 offiziell eng Revaloriséierung vun de sektorielle Mindesttariffer ënnerschriwwen.

Déi nei Accord aktualiséieren déi bestoend Tarifreegelunge fir d’Beruffer op der Bün (Accord vun 2023) an hannert der Bün (Accord vun 2024) a markéieren e weidere Schrëtt an der Professionaliséierung vum Secteur vum Spektakel.

Déi gréisst Neierung ass d’Aféierung vun enger automatescher Indexéierung vun de Cacheten, déi et erméiglecht, d’Remuneratiounen un d’Entwécklung vun de Liewenskäschten zu Lëtzebuerg unzepassen. Dëst soll verhënneren, datt d’Mindest-Honorairen u Kafkraaft verléieren, a garantéiert eng méi nohalteg finanziell Perspektiv fir Kënschtlerinnen an Technikerinnen am liewege Spektakel.

Mat dësem Accord gëtt op eng laangjäreg Fuerderung aus dem Secteur no fairen a gerechte Paien an no méi stabillen Aarbechtskonditioune reagéiert.

Gutt Aarbechtskonditioune wieren eng essenziell Viraussetzung, fir datt professionell Schaffend am Secteur sech laangfristeg positionéieren an ënner gesonde Konditioune schaffe kënnen, betount d’Presidentin vun der ASPRO, Claire Wagener am gemeinsame Schreiwes mat der Theater Federatioun. De Sascha Dahm, President vun der Theater Federatioun betount iwwerdeems, datt den Accord e wichtegt Signal fir d’Zukunft wier.

D’Integratioun vun enger automatescher Indexéierung wier eng Première am Secteur an eng kloer Unerkennung vun der professioneller Aarbecht, souwuel op der Bün, wéi och hannert de Kulissen. De konstruktiven Dialog mat institutionellen a politesche Partner soll weidergefouert ginn, fir zousätzlech konkret Verbesserungen ze erreechen, heescht et nach am Communiqué.

20260126 communique de presse ASPRO et TF tarifications.docx

Back to Top
CIM LOGO