Neien Direkter BNLMinistesch reagéiert: Claude D. Conter hat Poste schonn eng Kéier refuséiert

RTL Lëtzebuerg
D’Sam Tanson huet d’Reaktiounen op d’Nominatioun vun der Joanne Goebbels traureg gemaach a se blessant fonnt.
© Sam Bouchon

Dobäi wier d’Madamm Goebbels duerch déi virgeschriwwe Prozedur gaangen an hätt déi besser Viraussetzunge gehat, sou huet de Jury, dee bei der zweeter Ausschreiwung duerch de Virus reng national war, et un d’Kulturministesch weiderginn.

Reaktioun vum Sam Tanson iwwer neie BNL-Direkter
D’Sam Tanson huet d’Reaktiounen op d’Nominatioun vun der Joanne Goebbels traureg gemaach a se blessant fonnt.

No der éischter Ausschreiwung, wou en national-internationale Jury decidéiert hat, datt kee Kandidat zeréckbehale gouf, war de Kulturministère schonn un de Claude D. Conter erugetrueden, deen all Viraussetzungen hätt, fir d’BNL ze féieren. De Minister kann eng Persoun nominéieren ouni eng Aussschreiwung z’entaméieren.
De Claude D. Conter huet deemools “Nee” gesot, well seng Funktioun als Direkter vum Mierscher Literaturzenter, just eréischt verlängert gouf an hien do nach vill Projete wëlles hat. Elo freet hie sech awer op déi nei Aufgab.

Reaktioun Claude D. Conter
......

RTL-Artikel: Kontrovers Nominatioun Nationalbibliothéik: Joanne Goebbels zitt sech zréck, Claude D. Conter iwwerhëlt vum Monique Kieffer

Back to Top
CIM LOGO