E Sonndeg war et warscheinlech duerch e Kuerzschloss zu engem Feier an engem vun de Raim vum Musée komm. D’Häerzstéck vum Musée, de Raum, wou déi historesch Distillerie steet an och déi al Dampmaschinn, goufen zum Gléck net beschiedegt.
De Joël Adam vum Musée ass deemno zouversiichtlech, dass een am Summer trotzdeem nees Visiteure kann empfänken. Nom Feier hätt een an de sozialen Netzwierker och eng grouss Well u Solidaritéit gespuert, och dat géif motivéieren, de Musée rëm sou séier wéi méiglech ganz opzeriichten.