Knackeg KonschtgeschichtMuséeë ronderëm d'Welt konkurréieren ëm de schéinsten Hënneschten

RTL Lëtzebuerg
Ee Kierperdeel stoung deslescht besonnesch am Fokus vu Muséeën a kulturellen Institutiounen.
© Twitter / Carolien van Zoest

Knackeg, ronn oder üppeg: Wéi gesäit de schéinsten Hënner aus? Déi Fro hu sech Konscht-Frënn aus der ganzer Welt gestallt.

An de sozialen Netzwierker zirkuléieren eng Abberzuel Fotoen, op deenen d’Verlängerung vum Réck z’erkennen ass. Gepost ginn awer keng Biller vu richtege Persounen, mä vu Konschtwierker. Ënnert dem Hashtag #BestMuseumBum wollte Muséeën a kulturell Institutiounen erausfannen, a wéi engem Kulturhaus den attraktiivsten Hënner ze fannen ass. Ass et de glate Marmer-Hënneschte vum griichesche Gott Zeus oder e gutt geformte Sëtzpolster op enger Zeechnung aus dem Barock? D’Auswiel ass op jidder Fall grouss.

Lancéiert gouf dës Challenge vum Yorkshire Musée a Groussbritannien mat engem Bild vun enger réimescher Statue aus Steen: Plakeg, muskuléis a mat ville Rëss. E “Battle”, deen net laang op sech waarde gelooss huet. Kuerz dorobber hunn eng Rëtsch Muséeën den Allerwäerteste vun hiren Exponaten online presentéiert. Mëttlerweil hunn och vill Privatpersoune Gefalen un dëser Aktioun fonnt a sech a kulturelle Gebailechkeeten op d’Sich no deem engen Hënneschte gemaach, deen et derwäert ass, an de soziale Medien ze deelen.

#BestMuseumBum ass net den éischte virtuellen Challenge, dee vum Yorkshire Musée organiséiert gëtt. Am Virfeld louch de Fokus schonn op de grujelegsten, skurrilsten a mysteriéiste Konschtwierker.

Back to Top
CIM LOGO