
Hire leschten Album wäert 2025 erschéngen, duerno wäerte si warscheinlech nëmmen nach op Tour goen, sou de Chris Martin en Donneschdeg an engem Interview mat BBC. Eventuell géinge si vun deem Joer u just nach gemeinsam Projete mat anere Museker maachen, awer de “Coldplay-Katalog”, wéi de Sänger hir Diskographie bezeechent, wier da komplett.
D’Jo Whiley vu BBC huet nom Interview mam Coldplay-Frontman betount, si wier “ni ganz sécher, ob hie Witzer mécht oder et doudeescht mengt”. Wéi hire leschten Album “Music of The Spheres” auskomm ass, hat de Chris Martin nämlech ugekënnegt, datt d’Band am Ganzen 12 Alben ophuele wéilt. Domat kéinte sech d’Fans op dräi weider Placke freeën.