Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère an och vun deem fir d'Fuerschung organiséieren den Naturmusée an den Fonds National de la Recherche dëst Joer nees de Science Festival.
Bio, Chimie, Physik - Dat sinn dacks net grad déi beléiftste Fächer an der Schoul an awer si se u sech ganz interessant an och spannend. Dëse Weekend ka sech jidderee selwer dovun iwwerzeegen : experimentéieren an esou d'Naturwëssenschaften op eng spilleresch Aart a Weis entdecken. Et ass nämlech nees Science Festival am Gronn.
De Programm vum Science Festival fannt Dir um Internetsite.