Ganzen Dezember iwwer zouNees goufe Bettwanzen an der Cinemathéik zu Paräis entdeckt

RTL Lëtzebuerg
Zanter 2021 ass een an der Cinemathéik vun der franséischer Haaptstad mat dësen Déiercher geplot.
© Photo by Riccardo Milani / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP

Se gi se iergendwéi net lass. D’Cinemathéik vu Paräis muss elo fir e ganze Mount hir véier Kinossäll wéinst Bettwanzen zoumaachen. Zanter 2021 ass een ëmmer rëm mat deene klengen Déiercher geplot.

Elo wéi Uganks dës Mounts Leit sech driwwer beklot hunn, wärend dem Film “Alien” vun Bettwanzen gebass ginn ze sinn, déi se deels souguer gesinn hätten, iwwer d’Sëtzer lafen, zitt d’"Cinémathèque française” d’Noutbrems an huet annoncéiert, bis de Januar zouzemaachen.

An der Hoffnung, datt eng grouss Desinfektioun all d’Bettwanzen ee fir alle mol eliminéiert. All d’Sëtzer sollen demontéiert an dann eenzel mat 180 Grad waarmen Damp traitéiert ginn. Och den Tapis plein soll extra behandelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO