KulturministèreNei Aidë fir Kënschtler, déi hir Musek ophuele wëllen

RTL Lëtzebuerg
Fir Kënschtler zu Lëtzebuerg ze fërderen, lancéiert de Kulturministère een neie Subventiounsprogramm fir Museker.

Am Kader vun enger Subventiounsreform huet de Kulturministère e Méindeg matgedeelt, datt ee Programm agefouert gëtt, dee Kënschtler zu Lëtzebuerg dobäi hëllefe soll, hir Musek opzehuelen. Kënschtler aus all Genre vu Musek kënne sech op de Programm mellen. All Joer soll et deemno zwee “Appels à Projets” ginn, een Opruff am Fréijoer an een am Hierscht.Och dëse Fréijoer kann ee sech op de Programm mellen, dat nach bis den 15. Mäerz. En adresséiert sech u lëtzebuergesch Solo-Kënschtler oder Kënschtlergruppen. Och Lëtzebuerger Residanten a Kënschtler, deenen hir Musek am Grand-Duché verwuerzelt ass, kënne sech mellen. Dat nämmlecht gëllt fir lëtzebuergesch Musek-Labels.

D’Zil vun den Hëllefen ass et, nei Talenter ze promouvéieren an d’Karriär vu Kënschtler iwwert eng länger Zäit ze fërderen. Eng Jury, déi aus engem Member vum Ministère a véier Professionellen aus der Museksbranche besteet, entscheet doriwwer, wéi eng Kënschtler gefërdert ginn a wéi vill Suen hinnen zur Verfügung gestallt ginn. D’Aarbechte vum Jury wiere geheim an hir Decisioune kéinten net ugefecht ginn, heescht et am Schreiwes vum Kulturministère.

De Communiqué aus dem Ministère

Lancement de l’appel à projets pour la réalisation d’un enregistrement sonore (14.02.2022)

Communiqué par : ministère de la Culture

Le ministère de la Culture, dans le cadre de la réforme de sa politique de subventionnement, a le plaisir d’annoncer la mise en place d’un programme d’aide à l’enregistrement sonore, tous genres musicaux confondus. Deux appels à projets seront lancés par an, un au printemps et un en automne.

Le présent appel à projets s’adresse aux artistes ou collectifs d’artistes professionnels/les luxembourgeois, résidant au Luxembourg et/ou disposant d’un ancrage culturel avéré au Grand-Duché, ainsi qu’aux labels luxembourgeois et maisons de disque luxembourgeoises (SARL/SA). Ces deux aides ont pour objectif de soutenir la création, de favoriser l’émergence de nouveaux talents, et d’encourager les professionnels/les du métier à s’investir sur le long terme dans le développement de carrière des artistes.

L’examen des dossiers remis dans le cadre du présent appel ainsi que l’attribution du montant du subside seront confiés à un jury se composant d’un/e employé/e du ministère de la Culture et de quatre professionnels/les du milieu de la musique. Les travaux du jury sont secrets. Aucun recours contre les décisions du jury ne sera accepté.

Les conditions et critères de l’appel peuvent être consultés sur le site du ministère de la Culture.

Back to Top
CIM LOGO