Privatsammlung vum Paul LeschNei Ausstellung "Hitchcock. The Brand." am Cercle Cité

Patricia Baum
Hie gëllt haut als ee vun de bedeitendste Filmregisseuren aus dem 20. Joerhonnert – den Alfred Hitchcock.
Expo "Hitchcock. The Brand."
Den Alfred Hitchcock huet a senger 50 Joer laanger Karriär 53 Filmer erausbruecht, dorënner seng bekanntsten “Psycho an The Birds”.

Seng Filmer beaflossen nach haut sëlleg Artisten op der ganzer Welt. Ma den Hitchcock konnt eppes ganz gutt, sech selwer vermaarten. An der neier Ausstellung «Hitchcock. The Brand.» kritt een en Androck iwwert d’Dimensioun vu senger Selbstvermaartung, an dat unhand vum Filmhistoriker Paul Lesch senger Privatsammlung.

Hie war de “Master of Suspense”, den Alfred Hitchcock huet a senger 50 Joer laanger Karriär 53 Filmer erausbruecht, dorënner seng bekanntsten “Psycho an The Birds”. De Filmhistoriker Paul Lesch ass passionéierten Hitchcock-Sammler, vun Affichen, Bicher, Konschtwierker, Gadgete a villes méi. Den Alfred Hitchcock war awer och e Master am kommerzialiséieren.

Den Hitchcock hat eng ganz gutt Relatioun mat der Press a wosst sech ze inzenéieren, sief et op Fotoen oder a sengen eegene Filmer. Op de Film-Affichen an Traileren huet hie sech selwer a säin Numm an den Zentrum gesat, a war esou de Publikumsmagnéit. Op déi Manéier huet den Hitchcock seng Filmer a seng Persoun gläichzäiteg promouvéiert.

Dem Paul Lesch seng Passioun fir den Hitchcock geet zréck bis a seng Jugend, wou hien déi éischte Kéier e Film vum Alfred Hitchcock op der Tëlee gesinn huet.

Den Alfred Hitchcock geet an d’Geschicht an als e Regisseur, deen nei Formen op den Ecran bruecht huet. Dobäi bleift hie bis haut eng ikonesch Figur, déi Artisten aus alle Genren inspiréiert. “Hitchcock. The Brand.” kann een nach bis den 10. Abrëll an de Cercle Cité an der Stad kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO