Am MudamNei Ausstellung "Mirror Mirror: Cultural reflections in Fashion"

RTL Lëtzebuerg
De Mudam huet seng Diere fir eng nei Ausstellung mam Titel "Mirror Mirror: cultural reflections in fashion" opgemaach. Den Titel ass heibäi Programm.
© Valeria Wiwinius / RTL

Déi nei Expo, déi zanter dem 30. Oktober leeft, konzentréiert sech nämlech op dem Musée seng extensiv Kollektioun u Kleeder, kreéiert vun eng Rëtsch europäeschen an Asiateschen Designer, déi d’Moudelandschaft vun de leschte Joerzéngten influenzéiert hunn. Ee vun den Designer ass den Hussein Chalayan, dee souguer mam Soundtrack vu sengen Defiléë scho weist, wéi anescht seng Approche zur Moud ass. Seng Hierscht-Wanter Kollektioun aus dem Joer 2000 ass e primäert Beispill dofir.

Mudam-Ausstellung “Mirror Mirror”

Se huet “After Words” geheescht an ënner anerem aus engem Set vu véier Still an engem Holzdësch bestanen. Wärend der Show hunn d’Modelen dunn d’Bezich vun deene Still erofgeholl an ugedoe wéi Kleeder. An och den Holzdësch ass zu engem laange Rack ëmgewandelt ginn. Dëse Set ass elo am Mudam ausgestallt. Dat weist dann och schonn, op wéi ee Genre Designer d’Curatrice a Schungdesignerin Sarah Zigrand an hire Mann a Scenograf vun dëser Expo, Georges Zigrand, sech konzentréiert hunn.

Apropos Scenografie – dat wier och alles net sou einfach gewiescht. D’Expo ass nämlech am Foyer ausgestallt – e Raum, deen normalerweis nëmme fir eenzel Wierker genotzt gëtt.

D’Resultat léisst sech op jidder Fall blécken. Sou hunn dem japaneschen Designer Hiroaki Ohya seng strukturéiert Jeans-Kreatiounen hir Plaz ënnert den Trape fonnt, 20 Kleedungsstécker vun der Berliner Mark T-A-P-E goufe suspendéiert vum Plaffong an dem Helmut Lang seng éischter minimalistesch Kollektioun hänkt, passend zu der haiteger Massevermaartung vun der Mark, op enger grousser Kleederstaang an der Mëtt vum Foyer. Eng gelonge Kollektioun, fënnt och d’Marie Noëlle Farcy, déi responsabel ass fir dem Mudam seng Kollektioun.

Back to Top
CIM LOGO