MudamNei Expo: Hier, Aujourd'hui, Demain

RTL Lëtzebuerg
De Mudam stellt eng Partie Wierker aus der eegener Kollektioun op den 3 Stäck vum Musée aus.
© Andrés Lejona / Mudam Luxembourg

Dorënner Videoinstallatiounen am grousse Format an eng Selektioun vu Molereien a Skulpturen déi di eenzegaarteg Architektur vum Musée ervir hiewen. Den Numm vun der Expo ass inspiréiert um Peter Halley sengem Wierk Yesterday, Today, Tomorrow. D’Peinture gëtt um 1. Stack vum Mudam ausgestallt a gouf schonn 1998, also 8 Joer ier de Musée seng Dieren opgemaach huet, kaf.

D’Expo Hier, Aujourd’hui, Demain soll weisen, datt Konschtwierker a Sammlungen engersäits an eng historesch Perspektiv verankert sinn, anersäits awer och ëmmer erëm nei interpretéiert an reevaluéiert ginn, jee nodeem zu wéi engem Zäitpunkt se ausgestallt ginn.

Am Mudam wäerten ënnert anerem Skulpture vum Bert Theis, dem Su-Mei Tse oder dem Bruno Peinado ze gesi sinn. Oder awer och eng Skulptur vum Richard Deacon, Wierker vum Michel Majerus, Fiona Rae oder Thomas Scheibitz.

D’Expo geet de 27. Juli op an dauert bis den 6. September.

PDF: Nei Expo Mudam

Back to Top
CIM LOGO