Zanter 6 Joer schafft de Carlo Trezzi als Guide zu Rëmeleng am “Musée des Mines”. Wärend enger Saison kënnt de Pensionär op 100 bis 110 gefeiert Visitten.
Als Guide gëllt et flexibel a virun allem disponibel ze sinn. Dat gëllt ëmsou méi wärend der Haaptsaison. Déi geet vun Abrëll bis September. De Carlo ass ee vun 3 Haaptguiden zu Rëmeleng. Hien ass zu Bieles nieft der Schmelz opgewuess a seng Passioun sinn d’Galerien.
Sou Leit wei de Carlo Trezzi ginn ëmmer méi rar. De Musée des Mines brauch awer sou motivéiert Guidë fir hir Visitten. Mat enger Formatioun fänkt alles un. Dës ass awer net zäitlech fixéiert.
De Charel Schneider mécht grad seng Formatioun zum Guide. Hien huet elo 63 Joer, wunnt zu Esch a wëll d’Visiteuren duerch d’Geschicht vun der Rëmelenger Minn feieren.
Op 12 Guidë kann de Musée aktuell zréckgräifen. 4 Leit sinn aktuell a Formatioun.
Op lëtzebuergesch, franséisch oder däitsch ginn d’Visitten zu Rëmeleng organiséiert.