Nächst Liwwerungen ongewëssNei Micky-Maus-Zeitung zu Lëtzebuerg vergraff

RTL Lëtzebuerg
Et war schonn ze erwaarden: Den Undrang an den Zeitungsbutteker fir dat neit Micky-Maus-Heft, an deem Lëtzebuerg virkënnt, war grouss.

Wie bis dës Woch gewaart huet, fir sech déi nei Micky-Maus-Zeitung ze kafen, dee kuckt am Grand-Duché op eidel Regaler. Net just an de “K Kiosken” uechter d’Land, mä och an anere Librairien ass déi rezent Editioun, déi leschte Freideg erauskoum, ausverkaaft.

Wéini d’Zeitung nees disponibel wäert sinn, wéisst een aktuell net, wéi d’Libraire Diderich eis op Nofro confirméiert. Eigentlech sollt een dës Woch neier geliwwert kréien. Wéinst der héijer Nofro muss d’Zeitung awer wuel nei gedréckt ginn, wouduerch et zu Verspéidunge bei de Liwwerunge kéint kommen, heescht et weider vun der Librairie. Och an de “K Kioske” ginn d’Clienten domat vertréischt, datt een op eng Äntwert vum Fournisseur géing waarden.

© Egmont Ehapa Media / Disney

RTL-News (4.7.25): Entenhausen op Besuch an der Groussregioun: 11 Säiten am neie Micky-Maus-Heft spillen och zu Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO