Seed To TreeNei Musek, Neie Video

RTL Lëtzebuerg
Bei Seed To Tree stinn d'Zeechen op nei Musek. Den 22. Mäerz dëst Joer presentéiert déi Lëtzebuerger Grupp hiren neien Album Proportions an der Rockhal.

2 x Benjamin, 1 x Michi an 1x Georges - Seed To Tree. Eng Aventure déi dësen 31. Januar genee 9 Joer al gëtt. Esou laang gëtt et d’Grupp schonn déi ënner anerem schonn um Reeperbahn Festival opgetrueden ass an The Temper Trap begleet huet. Den Album Wandering huet ewell 4 Joer um Bockel, déi lescht EP Unconcerned ass vu virun 2 Joer, sou ass et dann net méi wéi normal datt Seed To Tree geschwënn erëm nei Musek Opweises hunn. En éischten Abléck an déi nei Plack Proportions hunn de 4 Museker am Hierscht d’lescht Joer mat der Single I Wouldn’t Mind geliwwert.

Gutt 2 Méint virum Release vum neien Album an der Rockhal wëll d’Grupp eis d’Zäit bis dohinner e bësse verkierzen an duerfir gëtt et zënter dem Weekend e weideren Appetizer, d’Lidd Within Me dat een op eng Plaz mathëlt déi iergendwou tëscht Wierklechkeet an Ideal läit. Seed To Tree liwweren domat och weidere Beweis wéi onberechenbar Indie, a virun allem Seed To Tree ass.

Seed To Tree Homepage
Release Show an der Rockhal

Back to Top
CIM LOGO