
An dësem Video mat Uspillung op däitsch Konzentratiounslager hätt d’Band eng Grenz iwwerschratt, sou d’Reaktioun vun der Presidentin vun der israelitescher Kultus-Communautéit vu München an Oberbayern, Charlotte Knobloch.
Wien den Holocaust an déi Millioune vu Judden, déi ëm d’Liewe komm sinn, als Marketing-Gag géif instrumentaliséieren, géif ze wäit goen, egal a wéi engem Kontext. Rammstein géif mat dësem Video de Schrecke vum Holocaust definitiv verharmlosen. Am Video si véier Member vun der Band ze gesinn, wéi si a Kleeder, déi un déi vu KZ-Inhaftéierten erënnere sollen, opgehaange ginn.