Minetter Metal is backNeien Album vun Tëschegas

RTL Lëtzebuerg
Metal aus dem Minett gëtt et elo schonn 10 Joer a fir dat ze feieren, kënnt den 11. Mee déi 3. Plack eraus.

No Industrielle Läichendéngschtan Et wuar net keen...mol këmmert sech Tëschegas ëm den aktuellen Zoustand vum Grand-Duché.

Et dierf ee sech op eng Partie Stad, Land, Goss freeën. 9 nei Lidder sinn am Laf vun de leschte Méint entstanen déi dann elo als 3. Album vun Tëschegas e Samschden 11. Mee am Café Nicola zu Fenneng Live virgestallt gëtt.

E Release dee vun den zwou Lëtzebuerger Gruppe Lost In Pain a Freshdax begleet gëtt; d’HipHop-Kollege vu Freshdax hunn op Stad, Land, Goss e Feature beim Titel Huldang gesinn a stierwen. Op hir gewinnt rockeg a sarkastesch Manéier schwätzen Tëschegas ënner anerem dës Themen op den 9 neie Stécker un; Nation Branding, de Buschauffer Jos, dat wonnerschéint Duerf Huldang, de Roude Léiw dee BSE huet, Round-Up-Sprëtzen an en eeleren Här dee seng Pensioun genéisst.

Tëschegas freeë sech bestëmmt iwwer äre Besuch am Café Nicola.

Teschegas.lu
Teschegas op Facebook
Cafe Nicola op Facebook

Back to Top
CIM LOGO