Zanter hirem internationalen Duerchbroch mat "Royals" ass d'neiséilännesch Sängerin Lorde eng vun den aussergewéinlechste Figuren aus der Popwelt. Si huet ni versicht, sech dem klassesche Pop-Schema unzepassen. Amplaz huet si hir eege Welt opgebaut: minimalistesch, melancholesch, heiansdo méi düster, awer ëmmer mat enger ganz eegener Energie.
Fir deen een oder anere bleift Lorde dat jonkt Meedchen hannert "Royals", dat 2013 quasi aus dem Näischt op der internationaler Musekszeen opgedaucht ass. Fir hir Fans ass si mëttlerweil awer vill méi.
Mat Alben ewéi Pure Heroine, Melodrama a Solar Power huet si verschidde Phasen duerchlieft an dobäi hire Sound ëmmer nees verännert. Lidder wéi "Ribs", "Liability", "Green Light" oder "The Louvre" hu sech bei hirem Publikum längst zu moderne Klassiker entwéckelt.
Mat Virgin an der Ultrasound-Tour schléit Lorde en neit Kapitel op. A genee an deen neien Universum ass och de Public en Dënschdeg den Owend an der Rockhal komm.
De Concert, dee vum Atelier organiséiert gouf an eigentlech schonn am November zejoert sollt gespillt ginn, huet deemools misste wéinst enger Liewensmëttelvergëftung vun der Sängerin ofgesot ginn. Um Dënschdeg den Owend huet d'Lorde méi wéi eemol betount, wéi schwéier et hir deemools gefall ass, de Concert ofzesoen a wéi wichteg et war, dësen nozehuelen an dem Lëtzebuerger Public och bal e Joer méi spéit alles un Energie a Léift ze vermëttelen.
De gréisstendeels wierklech jonke Public war extrem textsécher an huet sech et net huele gelooss, bei all Interaktioun, déi d’Kënschtlerin mat hinne gesicht huet, extreem haart mat ze sangen. Mee och wann een net all eenzel Lidd vum Lorde konnt matsangen, war ee vun der éischter Minutt u mat an de Bann gezu vun der Performance vun der Musekerin.
E Concert, dee keng einfach Zesummestellung vu Lidder ass, déi presentéiert ginn, mee e Gesamterliefnis aus Musek, Luucht an Emotiounen.
D'Neiséilännerin huet eng enorm Live-Presenz, bréngt et fäerdeg, vun der éischter Minutt un all d'Aen an d'Oueren op sech geriicht ze hunn, an iwwerzeegt natierlech och duerch hir markant an eenzegaarteg Stëmm. Als Grammy-Gewënnerin ass een nu mol méi wéi e rénge Popstar.
Virun allem d’Live-Videoopnamen, déi op verschiddenst Manéiere wärend dem Concert projezéiert goufen, hunn der Liveperformance eng ganz aner Dimensioun an engem d’Gefill ginn, ganz no dobäi ze sinn - och wann een net an der éischter Rei stoung. Mat enger atmosphärescher Produktiounen, perséinlechen Texter an enger Mëschung aus Intimitéit an elektronescher Energie konnt d’Lorde definitiv iwwerzeegen.