Bei deem schéinem Wieder zitt et vill nees Leit an d’Stad an och d’Touristen freet et, fir déi vill flott Sitten, déi eist Land ze bidden huet. Eng vun den Haaptattraktioune sinn d’Kasematten. D’Unesco Weltkulturierwen kann ee schonn zanter 1933 besichen an an de leschte Wochen a Méint gouf vill ënnert dem Buedem geschafft. No de Renovatiounsaarbechten ginn se elo nees op fir de Public. Net just Sécherheetsaarbechte goufen an de leschten Méint duerchgefouert, ma och eng Liicht- a Soundshow gouf installéiert. Ënnert dem Motto “Rocks coming to Life” kann een d’Kasematten an engem ganz neie Liicht entdecken.
En Tour dauert ronn 45 Minutten an et soll een déi richteg Schong a méi waarm Kleeder undoen.
Ticketen - 15 Euro fir Erwuessener a 7,50 Euro fir Kanner - gëtt et hei.
D’Kasematten hunn en Donneschdeg hir grouss Reouverture gefeiert, dat a Presenz um Grand-Duc. D’Kolleege vum RTL 5 minutes waren op d’Plaz kucken, nach ier aner Visiteuren e Schratt an déi renovéiert Kasematten gesat hunn.
En avant-première: Découvrez les “nouvelles” casemates de la Pétrusse