Ee Stéck, zwou SproochenNeit Theaterstéck am Escher Theater kombinéiert Texter vum Kafka a Louis

RTL Lëtzebuerg
Op den éischte Bléck hunn den däitsche Schrëftsteller Franz Kafka an de franséischen Auteur Édouard Louis jo net immens vill gemeinsam.
Neit Theaterstéck kombinéiert Texter vum Kafka a Louis
Op den éischte Bléck hunn den däitsche Schrëftsteller Franz Kafka an de franséischen Auteur Édouard Louis jo net immens vill gemeinsam.

Dem Kafka säin “Ein Bericht für eine Akademie” ass jo schonn 1917 erauskomm. Dem Édouard Louis säi „Qui a tué mon père“ eng 101 Joer méi spéit. An dach huet den Däitsche Regisseur Stefan Maurer e puer Parallellen entdeckt, déi sech wärend dem Schreifprozess nach weider verdéift hunn.

D’Resultat ass en Theaterstéck an zwou Sproochen, mam Luc Schiltz a Germain Wagner an den Erzielerrollen. Behandelt ginn eng Rëtsch Themen, ënner anerem toxesch Männlechkeet, verschidde Visioune vun engem stereotypesche Mann a wat geschitt wann een deem typesche Bild net entsprécht. Donieft gëtt och d’Relatioun tëschent finanzielle Méiglechkeeten a Muecht diskutéiert.

„Ein Bericht für eine Akademie / Qui a tué mon père“ kann een den 9. an 11. November an den Escher Theater kucke goen. E Mëttwoch ass dann och nach eng Schoulvirstellung.

Back to Top
CIM LOGO