
Net manner wéi 160 mol sinn dëst Joer Netflix-Produktiounen nominéiert. HBO ass awer och ëmmerhin op 107 Nominéierunge komm.
Déi meeschten Nominatiounen, nämlech 26, ginn un d’HBO-Serie Watchmen, eng rassismus-kritesch Superhelden-Serie. Nieft de Schauspillerin Regina King an dem Jeremy Irons ass Watchmen och als beschte Mini-Serie fir de Fernseepräis nominéiert.

20 Nominatioune ginn un d’Amazon-Produktioun The Marvelous Mrs. Maisel. D’Geschicht iwwert eng jiddesch Hausfra a Mam zu New York déi sech als Stand-Up-Comedian nei erfënnt.
Och d’Netflix-Serien Unorthodox, The Crown a Stranger Things dierfen den 20. September zu Los Angeles op en Emmy-Award hoffen.