Et ass e Brauch aus dem 15. Joerhonnert ronderëm eng Seech vun engem Krichpäerd an zielt zënter 2008 zu den immaterielle Kulturierwe vun der UNESCO.
Normalerweis ass et all 10 Joer, duerch d’Pandemie goufen et der elo 12! Déi Zéngdausende Leit waren dann och extrem begeeschtert e Sonndeg. Kee wollt dat verpassen. Iwwerall gouf geklappt a gewénkt, 6 Stonne laang dauert de Spektakel a besonnesch fir déi, déi dofir suergen, datt dat 5 Meter héicht Päerd duerch d’Stroossen danzt, ass dat nawell en Exploit, well et weit iwwer 1000 Kilo.
Zu 12 schleefe se et op hire Schëlleren. Uewen drop sëtzen dann nach emol 4 Bouwen. Et ginn 3 Ekippen, déi sech ofwiesselen an scho méintelaang dofir trainéiert hunn.
Déi nächst Editioun ass dann awer schonn 2030. Also a knappen 8 Joer zitt déi historesch Parad vum Ros Beiaard an sengen iwwer 2000 Statiste-Museker a -Reider nees duerch d’Stroosse vun Dendermonde.