Op Besuch beim Luc WolffNofollger fir Lëtzebuerger Restaurant zu Berlin gesicht

RTL Lëtzebuerg
Dës Kéier geet eis Rees op Berlin bei e Lëtzebuerger Expat.
Virun iwwer 40 Joer op Berlin ausgewandert: Luc Wolff am Portrait
Dës Kéier geet eis Rees op Berlin bei e Lëtzebuerger Expat.

De Luc Wolff ass Kënschtler a war Proprietär vum Lëtzebuerger Restaurant “De Maufel” zu Berlin, deen no 18 Joer gastronomescher Aventure an der däitscher Haaptstad elo zou ass.

De Luc investéiert elo seng ganz Zäit a seng kënschtleresch Aktivitéiten a stellt de Moment seng Kreatiounen aus.

Firwat ass hien op Berlin ausgewandert, wat motivéiert hie wat seng Konscht ugeet, wéi huet hien de Fall vun der Berliner Mauer erlieft a wéi geet et elo mam Restaurant weider?

D’Valentine Patry war hien op Berlin besichen an huet seng Kreativitéit, seng Aventuren a seng Vue op déi däitsch Stad kennegeléiert, wou hien elo zanter iwwer 40 Joer lieft.

Back to Top
CIM LOGO