D'USA traueren ëm d'Dolly Parton, déi aus ganz aarme Verhältnisser staamt an et trotzdeem an déi iewescht Rei vun de Museksikon vum 20. Joerhonnert gepackt huet. En Dënschdeg ass d'Musekerin, déi mat Hits wéi "Jolene" an "9 to 5" weltbekannt gouf, am Alter vun 80 Joer gestuerwen, wéi hir Famill matgedeelt huet.
D'Dolly Parton war awer méi wéi "just" eng Sängerin. Si huet eng 3.000 Lidder geschriwwen a war a groussen Hollywood-Produktiounen ze gesinn. Ausserdeem war si fir hir Philanthropie bekannt an huet Millioune fir de gudden Zweck gespent.
Si war ausserdeem eng erfollegräich Geschäftsfra, mat Projete vun hirem beléifte Fräizäitpark "Dollywood" iwwer Kosmetik, Déiere-Moud, Bakmëschungen a souguer enger Autosgarage.
"D'Dolly huet an der Sonn gelieft an ass elo an den Äerm vum Jesus", sot hiren Neveu Bryan Seaver an engem Video, an deem d'Famill den Doud vun der Ikon annoncéiert huet.
Déi präisgekréinte Kënschtlerin, déi fir hiren extravagante Stil, hir Figur an hir grouss blond Parécke bekannt war, hätt "d'Diere fir Generatioune vu Sängerinnen a Sänger, Songwriter, Musekerinnen a Museker an Dreemer aus alle Schichten" opgemaach.
D'Dolly Parton ass no enger kuerzer Kriibs-Erkrankung gestuerwen, huet hiren drëtte Cousin Brent Allen der AFP géigeniwwer confirméiert. D'Parton hat eréischt viru kuerzem iwwer gesondheetlech Probleemer geschwat, ouni awer konkret ze ginn.
"Ech hunn d'Gefill si ass eng vun deene leschten, déi wierklech um Buedem bliwwe sinn. Si huet d'Leit zesummebruecht", esou den Allen der AFP zu Sevierville - der Sängerin hirer Heemechtsstad um Fouss vun de Smoky Mountains. Der Musekerin hiert Begriefnes wäert "People Magazine" no kleng a privat sinn. D'Zeitung huet dobäi d'Famill vun der Sängerin zitéiert.
De President Donald Trump huet den Doud vun der Dolly Parton een "echte Verloscht fir Millioune Leit" genannt. "Et gouf nach ni ee wéi si, an et wäert ni méi esou eng Persoun ginn." Hien huet den Uerder ginn, d'Fändelen uechter d'Land op Hallefmast fléien ze loossen, wärend den Empire State Building zu New York ëm genee 9:25 pm rosa erliichte wäert - eng Referenz op der Sängerin hiert Lidd an hire Film "9 to 5".
Virum Buckingham Palace zu London gouf der US-Ikon iwwerdeems mat engem Ständche vun der King's Guard geduecht. Si hunn der verstuerwener Musekerin hiren Hit "9 to 5" virum Palais gespillt.
Wou d'Nouvelle vun der Dolly Parton hirem Doud d'Ronn gemaach huet, hu sech Honnerte Leit zu Sevierville versammelt, fir hir ze gedenken. Trauerend Fans hu Blumme bei hir Statu an der Stad geluecht. "Mir hu si ëmmer eis Schutzhelleg vun Tennessee genannt", esou d'Callie Konane Rickards géigeniwwer der AFP. Der Dolly Parton hiren Doud huet ee rare Moment vun der Eenheet an engem Land ausgeléist, dat dacks duerch d'Politik gespléckt ass.
D'Country-Sängerin Carrie Underwood huet an de soziale Medien op d'Nouvelle reagéiert a sot, datt d'Parton "warscheinlech déi eenzeg Persoun op der Äerd war, déi all Mënsch gär hat an op dee sech jidderee konnt eenegen."
D'Schauspiller, déi mat der Parton am film "9 to 5" matgespillt haten, deen 1980 erauskoum an och d'Lidd direkt an d'Charts katapultéiert huet, hu sech "geschockt" gesot. D'Oscar-Gewënnerin Jane Fonda sot sech "zerstéiert" an d'Lily Tomlin sot, d'Parton hätt Harmonie an d'Mënschheet bruecht. "Si huet esou vill Leit beienee bruecht, mir wäerte si esou vill vermëssen", sot de Frontmann vun de Rolling Stones, de Mick Jagger.
D'Dolly Parton gouf 1946 als eent vun 12 Kanner am ländlechen Tennessee gebuer an ass direkt no der High School op Nashville geplënnert - enger Stad, déi fir hir Country-Museker berüümt ass. Am Joer 1967 war si am Alter vun 21 Joer schonn eng vun den amerikanesche Musekerinne mam gréisste Wiedererkennungswert.
An hirer Karriär, déi sech iwwer 6 Joerzéngte gezunn huet, huet si eng 3.000 Lidder geschriwwen, dorënner "Jolene," "Coat of Many Colors" an déi berüümte Ballad "I Will Always Love You" déi vum Whitney Houston nei opgeholl gouf an domat zum Welthit gouf. D'"Queen of Country Music" huet 49 Studioalbe verëffentlecht, genee wéi iwwer 100 Kompilatiouns- a Kollarboratiounsalben.
D'Dolly Parton huet fir sech selwer definéiert, wéi eng Fra an enger Männer-dominéierter kann optrieden, an ass domat mat der Zäit zu enger amerikanescher Ikon ginn. Hir Lidder goufe vun all Mënsch gecovert, vu Shania Twain bis Sinead O'Connor.
D'Pop-Kënschtlerin Taylor Swift, déi hir Ufäng am Country-Genre hat, huet d'Parton "onendlech generéis" genannt, wärend de Rock-Star Jack White, deen den Hit "Jolene" mat senger Band de "White Stripes" gecovert huet, hir op Instagram mat de Wierder "direkt helleg" geduecht huet.
D'lescht Joer hat d'Dolly Parton eng Rei Concerten zu Las Vegas ofgesot, dat aus gesondheetleche Grënn. Am Mee huet si d'Concerten du komplett ofgesot, an huet domat nei Suerge bei hire Fan ausgeléist. A Videoen an hire Soziale Medie sot d'Country-Sängerin, datt d'Traitementer zwar gutt uschloe géifen, ma datt si sech nach net gutt genuch géif spieren, fir ze performen.
Nach d'lescht Woch sot si an engem Statement géigeniwwer People Magazine: "Ech hunn nach esou vill Saachen, déi ech erreeche wëll. Dowéinst schaffen ech esou laang weider, wéi ech kann, fir alles Realitéit ginn ze gesinn."