
Dat immersiivt Wierk “The Dollhouse” vum Charlotte Bruneau an dem Dominic Desjardins, dat vun der Lëtzebuerger Firma Wild Fang Films vum Hélène Walland koproduzéiert gouf, gehéiert zu de Wierker, déi fir d’Selektioun ausgewielt goufen, déi de Kreatiounen a virtueller Realitéit an an immersive Formater gewidmet ass. D’Kompetitioun, déi 2024 agefouert gi war, gëtt dëst Joer vum 14. bis den 23. Mee am Carlton Hotel organiséiert.

Donieft gëtt et bei “Cannes immersive” e “Focus Luxembourg” - eng Retrospektiv, déi markanten immersive Kreatioune gewidmet ass. Hei gi fënnef Lëtzebuerger Wierker presentéiert. Dorënnert Battlefield vun Digital Voodooh, Ceci est mon coeur vun a_BAHN, Floating with Spirits vun Tarantula Luxembourg, Ito Meikyū vu Les Filmes Fauves an Oto’s Planet vu Skill Lab. och de “Focus Luxembourg” gëtt am Carlton Hotel organiséiert.
Doriwwer eraus gëtt zesumme mam Festival vun Annecy den 18. Mee um Marché du Film eng nei Editioun vum Animation Day organiséiert. Zu de fënnef internationale Projeten, déi beim Annecy Animation Showcase gewise ginn, gehéiert och Julián vun der Regisseurin Louise Bagnall. Un dëser internationaler Koproduktioun war nieft Irland, Kanada, Dänemark a Groussbritannien och de Grand-Duché mat Melusine Studio bedeelegt.

De Lëtzebuerger Produzent Vincent Quénault gouf iwwerdeem fir de Programm “Producer on the Move 2025" ausgewielt, dee vun der European Film Promotion organiséiert gëtt. All Joer bréng de Programm 20 Produzenten aus ganz Europa zesummen a bitt hinne wärend dem Festival e privilegéierte Kader fir Begéinungen an Austausch.
Eng weider Lëtzebuerger Presenz gëtt et wéi all Joer mat der Vicky Krieps, déi beim Film Love Me Tender vun der Anna Cazenave Cambet, deen och an der offizieller Auswal ass, matspillt.

RTL-News (10.4.25): Filmfestival presentéiert Selektioun: Zwou Lëtzebuerger Koproduktiounen zu Cannes dobäi
Link: D’Schreiwes vum Lëtzebuerger Film Fund.