Weltliteratur-WierkÖdipus-Opféierung am Groussen Theater

Patricia Baum
D’Geschicht vum Ödipus vum Sophokles zielt bis haut zu de grousse Wierker aus der Weltliteratur.
Ödipus-Opféierung am Groussen Theater
D’Geschicht vum Ödipus vum Sophokles zielt bis haut zu de grousse Wierker aus der Weltliteratur.

De Mythos ass eng Geschicht, déi ënner anerem d’Totalitéit vun alle Léift- an Haass-Gefiller beschreift. Den Ödipus huet och an der Psychoanalys seng Spueren hannerlooss. Den Ödipuskomplex zielt zu de bekanntsten Theorië vum Sigmund Freud. Eng komplex Geschicht, déi elo am Groussen Theater op der Bün ze gesinn ass.

Méi wéi 2.500 Joer no der Uropféierung zielt de Mythos vum Ödipus nach ëmmer zu de bekanntsten Trilogien. D’Geschicht erzielt op eng kloer an ëmmer erëm nei entdeckend Manéier vun enger Gesellschaft, déi just fräi ka sinn, wa se sech mat hirer Geschicht, hire Verbriechen a Leidenschaften auserneesetzt. D’Theaterstéck Ödipus sollt u sech schonn am Januar opgefouert ginn an d’Prouwe ware schonn ofgeschloss.

“Elo ass Krich an der Ukrain an da spiert een, dass bei de Griichen, beim Sophokles, brutal a gewalttäteg Thematiken ugeschwat gi sinn, déi absolut en Echo op haut sinn”, esou de Regisseur Frank Hoffmann.

Fir de Frank Hoffmann ass et eng Première, e griicheschen Auteur an Zeen ze setzen. Ödipus ass awer e Stéck, dat hie scho ganz laang begleet – e Stéck, dat déif an d’Psyche an an d’Gefillswelt vum Mënsch andaucht.

“De Freud huet net ëmsoss den Ödipuskomplex genannt. Alles, wat mir haut och am familiären erliewen, dat ass scho virgepräägt duerch déi griichesch Tragedien. Mir mengen, mir hätten alles nei erfonnt, oder et géif alles fir d’éischt passéieren. Nee, et ass scho geschitt an et ass net ëmmer gutt, dass een dat weess, mee et ass wichteg, datt een dat weess”, fënnt de Frank Hoffmann.

Fir den Ödipus op der Bün zum Liewen ze erwächen, huet de Regisseur sech den däitsche Moler Ben Willikens u seng Säit geholl. De Moler ass bekannt fir seng grouss Wierker, déi eidel Raim duerstellen. Eng Approche, déi de Kënschtler och hei fir d’Bünebild vum Ödipus benotzt.

“Wann ech den Text liesen, hunn ech net ëmmer genuch Fantasie, fir mir virzestellen, wat aus deene Wierder entstoe kann. Ech si bekannt als de Moler vun den “menschenleeren Räume” an awer erwächen ech Gefiller. Dat heescht, deen, deen de Raum gesäit, ass entweder den Onbedeelegten, dee laanscht geet oder e bleift stoen an en ass voll dran”, sou de Kënschtler Ben Willikens.

Ödipus/ Antigone gëtt den 10., 14. a 15. Abrëll am Groussen Theater gespillt.

Back to Top
CIM LOGO