
E Mëttwoch den Owend hunn d’Organisateuren online déi offiziell Selektioun vu 56 Filmer vun dësem Joer presentéiert, déi am Internet gewise solle ginn. Dorënner Wierker vu Wes Anderson, Steve Mc Queen a François Ozon.
De Festival wier sou lieweg wéi ni, et wier ni eng Fro gewiescht, fir Cannes ofzesoen. De Festival géif sech dëst Joer just an enger anerer Form presentéieren. Fir den Délégué général Thierry Frémaux ass déi digital offiziell Selektion dee beschte Moyen, fir de Kinoen ze hëllefen, fir den Accent op déi Filmer ze leeën, déi an den nächste Méint erauskommen. Déi üblech Kategorien falen allerdéngs ewech.