Vum 1. August unOlivier Garofalo a Pit Ewen iwwerhuelen d'Direktioun vum Mierscher Theater

Isabelle Gillen
Wéi de Mierscher Theater an engem Pressecommuniqué matdeelt iwwerhuelen den Olivier Garofalo a Pit Ewen vum 1. August un d'Direktioun vum Mierscher Theater.
Den Olivier Garofalo (l) an de Pit Ewen (r) iwwerhuelen de Mierscher Theater als neien Direkter-Duo vum 1. August 2026 un.
Den Olivier Garofalo (l) an de Pit Ewen (r) iwwerhuelen de Mierscher Theater als neien Direkter-Duo vum 1. August 2026 un.
© Bohumil KOSTOHRYZ

De Conseil d’administration vum Mierscher Theater huet den 19. Januar an enger Sëtzung eestëmmeg beschloss, datt den Olivier Garofalo an de Pit Ewen vum 1. August un d’Direktioun vun der Institutioun iwwerhuelen. An engem Communiqué e Méindeg gëtt ënnerstrach, datt een op kee vun deenen zwee hätt verzichte wëllen, an datt dofir de Mierscher Theater an Zukunft mat enger co-Direktioun wäert weiderfueren.

Den Olivier Garofalo, dee bis ewell bei verschiddenen däitsche Staatstheatere geschafft huet, wäert als artisteschen Direkter täteg ginn, woubäi de Pit Ewen als laangjärege Mataarbechter vum Haus a Museksexpert d’Roll vum generellen Direkter iwwerhuele soll. Esou wéilt een de Mierscher Theater an de kommende Jore moderniséieren, sou d’Schreiwes.

Bei der Spillsaison 2026/2027, déi vum nach aktuellen Direkter Claude Mangen ausgeschafft gouf, konnten déi zukünfteg Direktere Garofalo an Ewen och scho matschaffen a wäerten d’Aarbechte vum Mierscher Theater da vum 1. August u vollstänneg als Direkter-Duo iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO