Film vun der WochOMAHA vum Cole Webley

Frank Grotz
2008 geroden déi amerikanesch an déi weltwäit Ekonomie duerch déi sougenannte Subprime-Kreditter an eng déif Kris.
Film vun der Woch: OMAHA vum Cole Webley
2008 geroden déi amerikanesch an déi weltwäit Ekonomie duerch déi sougenannte Subprime-Kreditter an eng déif Kris.

An engem Roadmovie, deen 2025 um Festival vu Sundance presentéiert gouf, versetzt de Realisateur Cole Webley eis zeréck an déi Zäit.

Onendlech Prairien an trist Aktivitéitszone wiesselen sech virun der Autosfënster of. Wouhin de Roadtrip duerch den amerikanesche Midwest soll féieren, wëll de Martin senge Kanner net soen. Wärend dee klengen Charlie d’Aventure esou hëlt wéi se kënnt, aant seng grouss Schwëster Ella, datt de Papp, gespillt vum John Magaro, éischter op eng Kris wéi op en neien Ufank zousteiert. D’Stäerkt vun Omaha läit virun allem an der Relatioun tëscht dësen dräi Personnagen, déi duerch subtil Gesten a Blécker immens authentesch wierkt.

A sengem éischte Long-Métrage beschreift de Cole Webley awer méi eng Situatioun, wéi datt en eng Geschicht erzielt. D’Trauer, d’Aarmut an aner Sujeten, déi sech ënnerwee erauskristalliséieren, gi mat vill Sensibilitéit illustréiert, awer net an der Déift behandelt. Datt een de reale Kontext vun der Erzielung eréischt ganz um Schluss gewuer gëtt, verhënnert hei éischter d’Spannung, wéi datt et se opbaut. Den Acteuren hirer Leeschtung hëlt dat awer näischt ewech.

Back to Top
CIM LOGO