16 Blesséierter, Täter op der FluchtEen Doudegen, nodeems Auto beim CSD zu Berlin a Mënschemass fiert

RTL mat AFP
Eng Persoun ass e Samschdeg den Owend beim Christopher Street Day zu Berlin ëm d'Liewe komm, nodeems e Mann mat engem Auto an eng Mënschemass gefuer ass an dobäi 16 weider Leit blesséiert huet.
© RALF HIRSCHBERGER/AFP

Wärend dem Christopher Street Day (CSD) zu Berlin ass et e Samschdeg den Owend am Tiergarten, net wäit vum Brandenburger Tor, zu engem déidlechen Tëschefall komm: E wäissen Auto ass an eng Mënschemass gefuer an huet dobäi eng Persoun ëm d'Liewe bruecht, 16 Leit goufe verletzt – dräi dovu liewensgeféierlech, aacht schwéier a fënnef liicht.

Nodeems den Täter an d'Leit gefuer ass, koum den Auto schlussendlech zum stoen, wéi en an e Bam gerannt ass. Den Täter ass doropshin aus dem Gefier geklommen a konnt fortlafen.

D'Police, Rettungsdéngschter an och Spezialekippe waren Deel vum Groussasaz op der Plaz.

Wéi d'Autoritéiten annoncéiert hunn, gëtt mat Héichdrock nom Täter gesicht, och Helikoptere mat Wäermbildkameraen kommen dobäi zum Asaz. Ee Verdächtege soll dann och identifizéiert gi sinn.

En Zeien huet der Agence AFP gezielt, de Chauffeur wier mat héijer Vitess vun der Lennéstrooss an de Park gebéit a wier dobäi gezielt op Mënschen duer gefuer.

Wéi d'Police matdeelt soll de Mann bekannt sinn als Deel vum islamistesche Milieu zu Berlin, festgeholl gouf hie bis ewell awer nach net. Zu engem méigleche Motiv ginn et och nach keng genee Informatiounen.

D'Organisateuren hunn den CSD ofgebrach an iwwer Sozial Medien opgefuerdert, d'Géigend ze verloossen. D'Police huet d'Leit gewarnt, de Beräich ze meiden an groussraimeg ze ëmfueren.

De Bundeskanzler Friedrich Merz huet vun enger "abscheilecher Dot" geschwat. De Berliner Buergermeeschter Kai Wegner huet den Ugrëff als Attack op eng fräi a weltoppe Gesellschaft verurteelt.

Op X huet hie geschriwwen: "Nodeems den CSD friddlech an tolerant gefeiert gouf, ass dës Versammlung op brutaalst Aart ugegraff ginn. Meng Gedanke si bei den Affer, hire Familljen a Frënn."

D'Bundesregierung huet matgedeelt, de Kanzler Merz stéing a stännegem Kontakt mam Bundesinneminister Alexander Dobrindt a géif permanent vun de Sécherheetsautoritéiten informéiert ginn. Si hätten den Ekippen op der Plaz Merci gesot a géife sech mat aller Kraaft fir eng séier Opklärung asetzen.

Déi traditionell CSD-Parad zu Berlin gouf dës Kéier ënner dem Motto "Haltung ist hot" ofgehalen, mat Honnerten Dausende Participanten. De Schluss vum Evenement war eng Show beim Brandenburger Tor.

Back to Top
CIM LOGO