
No engem nach zimmlech temperéierte Weekend mat ville Wolleken, e puer liichte Schaueren an Héchstwäerter vu 24 Grad um Sonndeg bleift et och um Méindeg nach gréisstendeels gro a fiicht. D'Temperature bleiwen dobäi ëm 25 Grad.
Am Laf vum Dënschdeg setzt sech d'Sonn dann awer ëmmer méi duerch an d'Temperature klamme schonn op bis zu 31°C. E Mëttwoch gëtt et da mat 33 bis 35 Grad richteg waarm a bei klorem Himmel gëtt et och owes a nuets mat 18 bis 20 Grad net méi vill Ofkillung.
En Donneschdeg ass mat engem weidere Plus ze rechnen: bis 38 Grad, vill Sonn a Südwestwand, deen an de Spëtzten op 40 bis 50 km/h kënnt.
Dëst ass schonn déi véiert Hëtztwell dëse Summer, eppes wat et nach net esou zu Lëtzebuerg gouf. Dës nei Hëtztwell kënnt zu engem Moment, wou schonn eng zolidd Dréchent an zousätzlech vill Brandfäll registréiert goufen.