Kultur Last MinuteONJ, Word in Progress a Mardis littéraires

RTL Lëtzebuerg
Den éischte Concert vum Orchestre National des Jeunes, déi éischt Wierder vun neie Wierker an eng Liesung am Cité Auditoire.

Concert vum ONJ am Kulturhaus Miersch 6. & 7.11.

Déi klassesch Musekzeen zu Lëtzebuerg kritt Nowuess.

Den Orchestre National des Jeunes ONJ gouf dëst Joer grgrënnt mat dem Optrag jonke Museker tëscht 16 an 30 Joer vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun, wärend hirer Formatioun d’Geleeënheet ze gi mat Professionellen aus dem Secteur a Kontakt ze kommen. Si sollen éischt Experienze kréien, wéi e professionellen Orchester schafft.

© Max Mausen

Fir déi éischt Saison ginn et dräi Concerten. Deen éischten ass a Collaboratioun mam bekannten Cellist Johannes Moser an ënnert der Direktioun vum Pit Brosius am Mierscher Kulturhaus.

Um Programm sti Wierker vun Witold Lutoslawski, Gustav Mahler, Erich Wolfgang Korngold, Antonín Dvorák.

© Max Mausen

Concert ONJ am Kulturhaus Miersch

Word in Progress an der KUFA 9.11. 20h00

D’Konzept vu Word in Progress kënnt vu Paräis. En Auteur oder eng Auteurin liest 10 Minutten aus engem Text, deen nach net publizéiert ass. Dono soll dësen Test am Dialog mam Publikum analyséiert ginn.

An der KUFA zu Esch stellen d’Claudine Muno, d’Fabienne Hollwege an de Joël Seiller op déi Manéier nach net ofgeschlossen Texter op Lëtzebuergesch resp. op Däitsch vir.

Claudine Muno
Claudine Muno
© KUFA
Fabienne Hollwege
Fabienne Hollwege
© KUFA
Joël Seiller
Joël Seiller
© credits@Pitt Simon

Den Entrée ass fräi, et muss ee sech aschreiwen.

Word in Progress KUFA

Liesung mam Michèle Frank am Cité Auditoire 9.11. 18h30

Am Kader vun de Mardis littéraires invitéiert de Cercle Cité op en Owend mat der Schrëftstellerin a Molerin Michèle Frank. Si liest aus hire Wierker Couleurs de l‘intime, en Text mat autobiographeschen Elementer, an aus Blessures sans cicatrices. Béid Publikatioune koume bei den Editions Phi eraus.

Reservatiounen iwwer 4796 2732 oder bibliotheque@vdl.lu

Back to Top
CIM LOGO