Réckbléck 2025Bicher a Musik: Wat hunn d'Lëtzebuerger gelies a gelauschtert?

Diana Hoffmann
D’Gerante vun enger Librairie an den RTL-Musekschef informéieren.
Joresréckbléck Musek a Bicher 2025
. Liesen a Musek lauschtere gehéiere wuel zu den am wäitste verbreete Hobbyen.

«Die with a smile» e Lidd, an deem et dorëms geet, d’Léift bewosst, éierlech an ouni Regreten ze liewen, och wann de Risk vun der Vergänglechkeet oder dem Enn ëmmer ginn ass. Et ass dësen Titel vun den zwee Superstare Lady Gaga a Bruno Mars, deen et, der Streaming-Plattform Spotify no op déi éischt Plaz vun de meeschtgelauschterte Lidder 2025 gepackt huet. «Do mierkt een, dass d’Leit éierlech Musek wëllen. Musek, déi vun Hand gemaach ass. Dat ass ëmmer nach dat, wat am Beschte bei de Leit ukënnt», kommentéiert den RTL-Musikschef Jules Serrig dëse Klassement.

Am Allgemenge kéint ee soen, dass d’Musek dëst Joer nees méi vum elektroneschen a Richtung Pop gaange wier. Och bekannte Gréissten hätten an deem Sënn eng nei Richtung ageschloen. Ma déi grouss Nimm wieren, wat d’Charts ugeet, och hei am Land Programm bliwwen, erkläert de Jules Serrig. «Coldplay, Lady Gaga, Taylor Swift, déi wierklech och déi international Charts dominéieren”, seet de Musekschef. Fir eng Hitparad vum Joer z’erstellen, goufen d’RTL-Nolauschterer ofstëmme gelooss. Souvill awer scho verroden: Déi Grouss, déi scho laang dosinn, halen Terrain.

Aus dem Studio an eng Librairie

Ganz populär wieren dëst Joer hei déi sougenannte Feel-Good-Romaner gewiescht, seet d’Anne Diderich, Gerante vun enger Librairie zu Esch. Et géing alles gelies ginn, wat spannend ass. «Vun Thriller bis Krimi a Psychothriller mierke mer, dass do d’Demande ganz grouss ass. Natierlech ass d’Nofro no Klassiker och nach ëmmer do», füügt si bäi.

Am Klassement vun den am meeschte verkaafte Bicher 2025 fënnt sech an dëser Librairie dann e Sammelsurium u Bicher erëm. “Deen Titel, dee bei eis dëst Joer am meeschte verkaaft ginn ass, ass den neien Asterix. Dat ass eng Valeure sure», seet d’Anne Diderich. Op den éischte Bléck villäicht eng Iwwerraschung. Op den zweeten - eigentlech net. Op déi zweet Plaz am Klassement kënnt dann den neie Guide Auto-pédestres Luxembourg. Dono 111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss. Plaz véiert mécht Verhängnissvoller Champagner, dono La très catastrophique visite du zoo, Gregs Tagebuch: Bock auf Party?, Départ lass! Luxembourg, Post vum Eenhar, Der Nachbar an The Housemaid op Plaz 10.

E Bicherbuttek kéint awer esou e Klassement mat beaflossen, jee nodeems wéi d’Bicher an Zeen gesat goufen, mengt och d’Anne Diderich. En Effekt, dee sech um Enn méiglecherweis nach eng kéier selwer verstäerkt. Beim geschriwwenen, wéi och beim gesongene Wuert. “Wann een déi populär Titel spillt, da kommen d’Leit a soen och nach, dass se déi Titel wëllen héieren”, stellt och de Jules Serrig fest. Do wier schonn eng Dominanz vun de grousse Kënschtler do.

Wat dann déi grouss Hits vum Joer vun den RTL-Nolauschterer waren, dat héiert Dir e Mëttwoch de Mëtten tëscht 13 a 16 Auer op der Antenn.

Back to Top
CIM LOGO