
Fir de Leit d'Thema méi nozebréngen, ass eng extra Konschtperformance entwéckelt ginn.
Ronn 10% vun de Leit hei am Land sinn am Laf vun engem Joer vun Angschtzoustänn betraff, seet d'Dr. Elisabeth Seimetz vun der Ligue Prévention.
Dacks ginn d'Leit sech awer keng Hëllef sichen, well se sech dees net bewosst sinn, net wëssen, wou se Hëllef fannen oder sech net trauen, driwwer ze schwätzen.
Mat enger kënschtlerescher Performance gëtt den Ament probéiert, d'Leit op d'Thematik opmierksam ze maachen. Eng Dänzerin an e Schauspiller schwätze virun de Passante vun Ängschten, si stelle se physesch duer, zum Deel an enger däischterer Këscht, déi symbolesch dofir steet, datt ee sech a sengen Ängschten agespaart fillt.
Dës Performance kann een nach dës ganz Woch an der Mëttesstonn um Parvis vum Akafszenter um Kierchbierg gesinn.
Mam: Nickel Bösenberg, Elisabeth Schilling
Musek: Pol Belardi
Mise en scène: Anne Simon
Dramaturgie: Sarah Rock
Scénographie a Kostümer: Anouk Schiltz
Regie-Assistentin: Sally Merres
Texter: Elise Schmit, Nathalie Ronvaux, Nora Wagener