
De Public war gespaant op den OPL (Philharmoneschen Orchester vu Lëtzebuerg) , ënnert der Leedung vum Pascal Schumacher, a Begleedung vum däitsche Pianist Sebastian Knauer. E Concert, deen awer méi wéi een Highlight hat. De Kanner-Chouer vu Weiler-zum-Tuerm huet och d’Lidd “Children for Humanity " gesongen, komponéiert vum Gino Miccolis. D’Ekipp vun RTL war mat dobäi a duerft kuerz virum Optrëtt bis hannert d’Kulisse luussen.