
De 24. Februar ginn d'Oscaren iwwerreecht an d'Oscar-Akademie huet elo matgedeelt, datt se dat traditionellt Format wëll bäibehalen.
Déi Responsabel hate geplangt, d'Präisser aus 4 Kategorien - eng éischte Kéier - wärend de Publicitéitspausen ze verdeelen, fir datt de Gala net grad sou laang géif daueren. Dat hat awer fir vill Kritik aus der Filmbranche gesuergt, ob déi d'Akademie also elo reagéiert huet.