Dialog mat der Uergel-Musek, dat ass eng Initiativ vun den Uergelfrënn Diddeleng. Wärend 4 Nomëtteger op engem Sonndeg kënnen Interesséierter sech um Ducksall vun der Parkierch ronderëm d’Uergel afannen a mam Organist sech austauschen. Et gëtt all Kéier en Thema, an de Régis Thill war fir eis op Diddeleng, wéi et em Barock-Uergelmusek goung.