Sou dass déi knapp 19.000 Tickete bannent nëmmen e puer Stonnen ausverkaf waren. An de Concert-Site huet sech e Samschdeg den Owend och relativ séier mat Fans gefëllt.
Fir eis op der Plaz war de Jeannot Ries an hien huet ënnert anerem bei de Fans nogefrot, wéi grouss d’Freed dann elo wierklech wier. Weider hat hien och de Laurent Loschetter vum Atelier um Mikro.
De Retour bis bei d’Busser nom Concert huet iwwregens leider e bëssi Verspéidung kritt wéinst enger Interventioun vum CGDIS just bei der Entrée.