VIDEO-ReportagePiano Masterclass am CAPE

RTL Lëtzebuerg
Schüler a Schülerinnen aus dem Conservatoire konnten der renomméierter Pianistin Lilit Grigoryan virspillen.
VIDEO: Piano Masterclass am CAPE
Schüler a Schülerinnen aus dem Conservatoire konnten der renomméierten Pianistin Lilit Grigoryan virspillen. - Präzisioun: Johan Perdigâo ass de richtegen Numm.

Am Kader vun engem Pianosfestival am CAPE Ettelbréck gouf och eng sougenannte Masterclass organiséiert. Masterclass heescht virspillen, nolauschteren an dat Ganzt a kuerzer Zäit verënnerlechen.

Der Lilit Grigorian virzespillen, dat ass schonn e klengen Highlight am Liewe vun engem 14 Joer ale Conservatoire-Schüler. De Johan Perdigâo (am Video ass den Numm leider feelerhaft ageblent, mir bieden dat ze entschëllegen) huet dat awer cool geholl. Eng hallef Stonn ass him duergaangen, fir nei Andréck ze sammelen.

Back to Top
CIM LOGO